mardi 29 juin
Théâtre d’Esch

Eng Klassekandheet

Kreatioun Escher Theater 20/21

Et heescht, eng Schoulklass wier och ëmmer d‘Spigelbild vun enger Gesellschaft. An engem fiktive Klasseraum begéinen sech Kanner mat verschiddene sozialen Hannergrënn, si treffen openeen, verbréngen hir Kandheet op der selwechter Plaz, zur selwechter Zäit. An
trotzdeem kommen si aus ganz verschiddene Welten. Mir erzielen iech d’Geschicht vum Balkin, dee mat sengen Elteren an engem Auto lieft, op engem Parking nieft der Schoul, vum Thibault, dem scheien ängschtleche Jong vum Bauerenhaff, a vum Valentine dat aus enger sougenannter besserer Famill kënnt wou et scho ganz fréi geléiert ginn ass, sech an der mondäner Tenniswelt zerecht ze fannen.
D‘Erzéiung, d‘Fräizäit, de Gebrauch vun de Sproochen a verschiddene Liewenssituatioune ginn am Isabelle Bonillo sengem Stéck ënnersicht a nieftenee gestallt, net fir ze jugéieren, mä einfach fir ze weise wéi grouss d’Ënnerscheeder tëscht deenen engen an deenen anere kënne sinn.

Ab 10 Joer
Sprooch – Lëtzebuergesch

No der Etude
Enfances de classe. De l’inégalité parmi les enfants, ënnert der Direktioun vum Bernard Lahire, Seuil, 2019
Adaptatioun a Regie
Isabelle Bonillo
Iwwersetzung
Mandy Thiery
Mat
Julie Kieffer

Plaz : Schoulhaff vun den Nonnenwisen (Place Adeline Pellegrino, Esch)
 

Information de contact pour cet événement

Téléphone: +352 2754 5010 / 5020
E-mail: reservation.theatre@villeesch.lu
Internet: https://theatre.esch.lu/
Organisateur: Escher Theater

Contenu délivré par events.lu - Informations sous réserve de modification et sans engagement ! lire plus

Retour