(Malheureusement cet événement n’a pas de description en Français)
Dem Laura säi Stär (um 10:00 Auer)
Vum Himmel fält e Stär erof em deen sech d’Laura këmmert. Wéi vill Freed him de Stär mécht a wat mam Stär geschitt erzielen mir iech duerch Wieder an Nouten.
Et spille mat:
Querflütteschüler aus der Klass vum Päivi Kauffmann,
Saxophonsschüler aus der Klass vum Nadine Kauffmann a vum Jessica Quintus,
Cellosschüler aus der Klass vum Anna Origer,
D’Chorale préparatoire an d’Chorale des Jeunes vum Isabelle Braun.
fir Kanner vun 2 bis 7 Joër
Contenu délivré par events.lu - Informations sous réserve de modification et sans engagement ! lire plus
Retour