mardi 26 février
Théâtre d’Esch

Alles FÉIK…oder wat???

Wat géife munnech Leit net alles maachen, fir e bekannte Star ze ginn? Dobäi muss et net gläich en internationale Star sinn, neen, och e Star hei zu Lëtzebuerg wier am Ufank schonn net schlecht.

Sou hu sech och puer Frëndinne geduecht a sech spontan op e Casting gemellt, fir hire groussen Dram z’erfëllen an an enger lëtzebuergescher
Tëleeproduktioun däerfe matzespillen.

Vu mentalem Striptease iwwert eng Moundlandung bis zur Zréckentwécklung zu engem Embryo, alles musse si iwwert sech ergoe loossen. Gi si an där Welt op, oder friesse si alles a sech eran, nëmme fir d’Roll vum Liewen ze kréien? Oder ass et dach eng Welt wou alles nëmme Féik ass????

Dauer: 1h50, mat Pause

Regie:
Jacqueline Posing-van Dyck
Texter:
Roland Gelhausen,
Josiane Kartheiser, Maggy Molitor
Musek &
musikalesch Begleedung:

Netty Glesener
Dekor:
Christian Klein
Kostümer:
Christian Klein an Yvette Engel
Affiche & Fotoen:
Pitt Becker

Mat:
Théa Engel, Susy Lentz,
Monique Mille, Maggy Molitor

Information de contact pour cet événement

Téléphone: 0035227 54 5020
Internet: https://theatre.esch.lu/

Contenu délivré par events.lu - Informations sous réserve de modification et sans engagement ! lire plus

Retour